Virtuell Visitt – Eis Experten erklären de Projet 380

Am Kader vum Projet vun der Moderniséiereung vu senger Héichspannungsinfrastruktur hat Creos eng Rei vun Informatiouns-Mäert uechter d’Gemenge geplangt. Wéinst dem COVID-19 hunn dës Veranstaltungen awer leider missten ofgesot ginn.

Creos wëll jiddereen, deen um Projet bedeelegt ass, mat abannen, informéieren an um Lafenden halen a steet Iech fir all Froen iwwer disponibele Formulaire zur Verfügung. Weider Informatioune fannt Dir och nach an der Rubrik FAQ vun der Projetssäit.

Creos wënscht Iech eng angeneem virtuell Visitt!

01

CREOS A SENG MISSIOUN

“Creos suergt fir eng zouverlässeg Stroumversuergung am Land.”

02

STROUMVERBRAUCH ZU LËTZEBUERG

“Wéi déi bestoend Leitungen an de 60er Jore gebaut gi sinn, hate mir manner ewéi 1/10 vum Verbrauch vun haut.”

03

PROJET 380

“De Projet 380 ass eng zukunftsorientéiert Modernisatioun vum aktuelle Reseau.”

04

OFLAF VUM PROJET

“De Projet leeft vun elo un 7 Joer, 4 Joer dovun ass Planung a 3 Joer Bau.”

05

MËNSCH A NATUR

“Creos sicht, zesumme mat all Intervenant, no der beschter Léisung mat dem mannsten Impakt fir Mënsch a Natur.”

06

VIRLEEFEG TRASS

“Vun Aach an Däitschland iwwer Boufer op Bartreng: 50 km Leitunge ginn nei gebaut, 75 km ginn der zeréckgebaut.”

07

STROUMLEITUNGEN

50 km Leitungen | 170 Masten | 107 Mio. Euro

08

DÉI EENZEL ELEMENTER OP ENGEM HÉICHSPANNUNGSMAST

“Déi nei Beseelung vun de Masten erlaabt et d’Verloschter ze reduzéieren.”

09

TRANSFORMATORANLAG

“Den neie Posten, an der Géigend vu Boufer, soll wäit ausserhalb vum Duerfkär entstoen.”

10

GERÄISCHEMISSIOUNEN

Creos hält sech un déi gesetzlech virgeschriwwe Wäerter.”

11

ELEKTRESCH A MAGNÉITESCH FELDER

“Am Alldag sinn ëmmer elektresch a magnéitesch Felder ronderëm eis.”

12

SLIDESHOW

Kuckt Iech hei nach eemol déi verschidden Informatiounsbiller am Detail un.

Merci fir Äre Feedback

Kontakt

Creos Luxembourg S.A.
L-2084 Luxembourg
T (+352) 2624-1
M info@creos.net

Iwwer eis

Creos Luxembourg S.A. ass Besëtzer a Bedreiwer vu Stroumnetzer an Äerdgasleitungen zu Lëtzebuerg. D’Missioun vu Creos ass et e sécheren Transport an eng fiabel Distributioun vun der Energie zu transparenten Tariffer ze garantéieren.

Follegt eis